Schlëssele gi séier verluer - si falen aus der Täsch, aus der Posch oder et léisst een se einfach enzwousch leien. Duerfir gëtt et zënter 1997 d’Schlësselassurance vun der Amicale Pompjeeën Ettelbréck.
Déi Persoun, déi Är Schlëssele mam Porte-Clés fënnt, brauch de Schlësselbond just an eng Bréifkëscht vun der Post ze werfen. Vun do aus kommen d'Schlësselen bei eis zeréck. Hei ginn si vun eisem Team perséinlech Heem.

Dir bestellt är Schlësselassurance andeems dir eis är Email hannerloosst.
Uschléissend kritt dir vun eis eng Email mat Detailer .
Nom Bezuelen kritt 3 Schlësselunhänger, déi dir un äre Schlëssel kënnt maachen.
De Schlësselunhänger ass gëllt fir dat betreffend Joer.
