Amicale Pompjeeën Ettelbréck

Mir sinn d’Amicale Pompjeeën Ettelbréck. Zënter Generatiounen stinn mir zesummen – fir d’Ierfschaft vun den Ettelbrécker Pompjeeën, fir Hëllef wann se gebraucht gëtt, a fir flott Momenter an der Stad.

Iwwert Eis

Bis zur Grënnung vum CGDIS - CIS Nordstad hu mir eis fir d'Wuelbefannen vun den aktive Pompjeeën, de Jugendpompjeeën an de Veteranen vum CIS Ettelbréck agesat. Fir d'Ierfschaft vun de fréieren Pompjeeën weiderhin ze erhalen, si mir säit 2023 een onofhängegen Veräin.

Eist Zil ass weiderhin de Bierger ze hëllefen, sief dëst bei Naturkatastrofen oder aner Hëllefsaktiounen bei Krich oder aner Konflikter. An eiser Feierkichen kache mir säit iwwer40 Joer mat grousser Leidenschaft gären, dëst net nëmmen fir Festlechkeeten mä och fir Noutfäll.

Nieft dësem bedeelegen mir eis u villen Aktivitéiten an organiséieren och reegelméisseg flott Eventer an der Gemeng Ettelbréck.

40+

Joer

1883

Gegrënnt
Group of people in red shirts posing outdoors under gray tents with event trailers in background.

FAQs

Heefeg gestallte Froen iwwert eise Veräin

Wéi kann ech eng Schlësselassurance kreien?

D'Schlësselassurance ass an der Memberskaart mat dran! Dir kënnt online d’Ehrenmitgliedskarte fir 10 € bestellen. Dir fëllt d’Formulaire aus, bezuelt per Virement an kritt Är Memberkaart per Post zougeschéckt.

Wéi kann ech Member am Veräin ginn?

Mir sichen ëmmer nees nei motivéiert Memberen déi eis bei eisen Aktivitéiten ënnerstëtzen. Du bass intresséiert? Da mell dech bei eis iwwert de Kontakt Formular. Mir freeën eis op dech!

Kann ech de Spull- / Killunhänger ...  lounen?

Jo, absolut! Eise Spullunhänger resp. Killunhänger kann fir Evenementer oder Festivitéiten verlount ginn.

Wéi reservéiert een d’Feierkichen?

Ënner verschidden Konditiounen wéi Erfarung am Kachen oder Kenntnisser am Ëmgang mat enger professioneller Kichen ... kann een gären eis Feierkichen lounen. Egal ob dëst fir ee kommerziellen oder private Gebrauch ass – mir hunn sécher déi richteg Léisung fir Iech. Selbstverständlech bidde mir eng grëndlech Aféierung un, fir sécherzestellen, datt alles reibungslos ofleeft.