Groussen Konschthandwierkermaart, Live Musek, Stackelser Inte Course a villes méi. E super Familljendag fir Grouss a Kleng.
-p-500.jpg)

De Stackelser Inte Fest ass ee vun de gréissten an schéinste Familljefester an der Nordstad. All Joer am September verwandelt d’Amicale Pompjeeën Ettelbréck den Parking um Däich zu Ettelbréck an eng richteg Festmeile fir Grouss a Kleng.
De Maart bitt e groussen Konschthandwierkermaart. Entdeckt iwwer 70 Konschthandwierker an hir eenzegaarteg Aarbechten an der Foussgängerzone an um Parking vum Däich zu Ettelbréck. Vu Keramik, Bijouen an Textilveraarbechtung bis hin zu Kreatiounen aus Holz, Metall a Lieder – fir jiddereen ass eppes dobäi.
.png)
Fir d’Kanner gëtt et vill Animatiounen de ganzen Dag: Petziklinik vun der ALEM, Sprangschlässer, XXL Spiller, Intefëschen, Facepainting, Stréichelzoo mam Paco um Haff, kreativ Workshoppen a villes méi.
Do dernieft och vill aner flott Attraktiounen: RC Balloon mat hiren Modellballone, Modell Truck Frënn vun Déifferdeng mat hieren Modelltrucks, Crawler... op engem flotte Parcours.
Absolut net ze verpassen den Schmit Marc mat sengem eenzegaartegen Dampftraktor.
Och d’Feierläscherkontroll vu Stoll ass mat um Rendez-vous.
Absoluten Highlight vum Dag ass natierlech d’Stackelser Inte Course – déi grouss Inte Course op der Uelzecht.
Nieft der spannender Course suergt Live-Musek fir eng super Stëmmung de ganzen Dag.
Kuerz gesoot: E super Familljendag mat vill Spaass, gudder Laun!

Hei fannt dir eis nächst Eventer....