
Ënnert dem Titel „Ettelbréck hëlleft sammelen“ gouf de Mäerz 2022 ee gréissen Spendenopruff lancéiert.
Iwwer dräi Deeg goufen an de Raimlechkeete vum Lycée Technique d'Spende vun de Leit entgéintgeholl a gesammelt: Medikamenter, Hygiène Artikelen, Liewensmëttel ...
Iwwer 30 Palette koumen zesummen, ee riesen Erfolleg!
Finanziell Spenden vu Bierger, Betriber an Associatioune sinn weiderhin op eise Spendekonto agaangen. No den éischten Hëllefsmoossname louch de Schwéierpunkt dorop, déi weider Spenden esou séier wéi méiglech anzesetzen, well d'Ukrain dréngend op humanitär Hëllef ugewisen war.
Dank Kontakter mat der Ukrain war séier kloer dem Militärspidol zu Irpin ze hëllefen. Dank der exzellenter Zesummenaarbecht mat verschiddene Lëtzebuerger Firmen war et eis méiglech hirem Besoin entgéint ze kommen an domat allerlee medezinescht Material wéi chirurgesch Instrumenter, Tourniquets, endotracheal Tuben, Schmäerzmëttel, Antibioticken, lokal Anästhetika a villem méi zesummen ze kréien. E groussen Erfolleg, deen an nëmme 14 Deeg erreecht gouf!
Lëtzebuerg huet sech weiderhin Solidaritéit gewisen, an et si weider finanziell Spenden sinn agaangen – ee weideren Grond en drëtten Hëllefskonvoi ze starten!
Eise Sammelpunkt war séier gefëllt: Dräi Pallette mat Medikamenter a medezineschem Material, zwou Pallette mat Schlofsäck an zéng Pallette mat Liewensmëttel stoungen prett.
D'Noriicht iwwer eis Hëllefsaktiounen huet sech séier verbreet, an esou hunn Pompjeeë vu Vinnytsia sech bei eis gemellt. Duerch déi vill Asätz am Krich hu si no neier Schutzkleedung gefrot. Mir hu och hei net laang gezéckt: Duerch vill intern Kontakter kruten mir 5 Paletten mat Pompjeesausrüstungen zesummen!
Zwanzeg Palletten konnten sech Enn Mee 2022 nees op de Wee an d'Ukrain ze maachen.
No méintelaangem Krich steet och an der Ukrain d’ Wanterzäit un. Fir den Affer zu Vinnytsia duerch de Wanter ze hëllefen , gouf nees fläisseg gesammelt: Schlofsäck, Decken, Wantergezei, Hygiene Artikelen.
Donieft gouf d'Ausstellung "Ukrain – Krich anEuropa" organiséiert. Dank verschiddene Fotografen aus der Ukrain, Frankräich an Däitschland konnte mir den Alldag vun de Mënschen an der Ukrain vermëttelen. Eng 200 Fotoen a Géigestänn vun de Leit vum Terrain aus der Ukrain konnten dem Public gewiesen ginn.
Eng Expo déi speider op enger anerer Plaz viru gelaaf ass.
Fir een Austausch ass Enn Januar eng Delegatioun vun zwee ukrainesche Offizéier vum SES Vinnytsia op Ettelbréck gereest. Wärend engem Deeg stoung ënner anerem eng Visite vum CGDIS um Programm an d’Iwwergab vun zéng Stroum Generatore fir d'Ukrain.
Am Januar 2024 ass d'Madame Natalia ANOSHYNA, Chargée d'Affaires vun der ukrainescher Ambassade zu Bréissel an den Här Oleksandr DOROFIEIEV, drëtte Sekretär vun der Ambassade, op Ettelbréck komm fir eng Ambulanz, déi vun der Firma A.S. Tours gesponsert gouf an een Otemschutzkompressor vum CIS Bettenduerf aus den Hänn vun der Amicale Pompjeeën Ettelbréck ze empfänken. E Scheck vun 2.500 € vun der Fondatioun Fräiwëlleg Ettelbrécker Pompjeeën an e Scheck vun 3.500 € vun der Ecole Privée Sainte Anne goufen och iwwerreecht.
Dräi Méint méi spéit a no villem Pabeierkrich... mir hunn eis op de Wee gemaach a Richtung Ukraine dëst ënner anerem mat der Ambulanz déi mir vun A.S. Tour gesponsert kruten.
No enger Rees vu bal 24 Stonnen... ee ganz kuerzen Openthalt zu Lwiw mat engem gudde gefëllte Programm: Iwwergab vun der Ambulanz un den Buergermeeschter vu Khoten, d’Visite vun der Staat an d’Iwwerrechung vum Kompressor un eng Delegatioun vum SES Vinnytsia.
No eisen Hëllefsaktiounen fir d’Ukraine tëscht 2022 an 2024, goufen ëmmer nees kleng Aktiounen gestart wei z.B Spidolkleeder fir Kiew.
Eng gréisser Aktioun gouf et nees Mëtt September nodeems mir een Trafo vun der Gemeng Mäerzeg entgéint konnten huelen. Zesummen mat Solarpanneau’en, divers medizinescht Material an Samsung Tabletten war et eis méiglech ee weideren Konvoi an Ukraine ze schécken!